Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
D'Ekipp vum radio 100,7 wënscht Iech an Ärer Famill e gudde Rutsch an dat neit Joer!
Entdeckt hei drënner eise Spezial-Programm fir Silvester an Neijoerschdag. Vill Spaass beim Lauschteren!
|
|
|
21:00-00:00 Auer
Palatino FM: Silvester Special
Danzt mam radio 100,7 an dat neit Joer!
Den Andrea Mancini, e weltbekannten DJ a Producer, an 100,7-Mataarbechter, begleet Iech mat elektronescher Musek bis an dat neit Joer.
|
|
|
8:00-10:00 Auer
SonndesBox
Deen éischten Invité vun 2023 beim Tessy Steffen Koenig ass de Georges Goerens, a Musekskreeser och bekannt als Bartleby Delicate. Hie verzielt, wéi säi Moien ufänkt.
An op eisem Spadséiergang besiche mir d'Kanner an der Bëschcrèche zu Schëffleng, wou gelaf, gerolzt, gebastelt, gefall an nees opgestane gëtt.
10:00-11:00 Auer
Mixtape - Immer wieder Sonntags
Kein Wochentag genießt in der Literatur so viel Aufmerksamkeit wie der Sonntag. Der Sonntag, das war und ist - für die meisten - ein Ruhetag, ein freier Tag, eine Auszeit vom Alltag. Aber dieser Ruhetag hat es in sich. F.C. Delius und Pierre Bost, Rainer Maria Rilke, Georges Simenon, Kurt Tucholsky und viele andere Autoren haben Sonntage und sonntägliche Rituale beschrieben, vom Kirchgang und dem Sonntagsessen über den Sonntagsspaziergang bis zur Sonntagsruhe und der Sonntagsstille. Eine Sendung von Angelika Thomé
Rediffusioun um 18:00 Auer
|
|
|
11:00-14:00 Auer
Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker
Eng Traditioun, déi 1939 als Silvesterconcert ugefaangen huet. Antëschent ass dëse musikalesche Rendez-vous um 1. Januar ee weltwäit Evenement, dat an iwwer 90 Länner iwwerdroe gëtt.
Den 1. Januar 2023 ass de radio 100,7 wéi gewinnt och nees live derbäi, wann am grousse Sall vum Musikverein zu Wien Musek vun der Strauss-Dynastie gespillt gëtt, mat dësem Joer ville musikalesche Premièren. D'Wiener Philharmoniker stinn ënner der Direktioun vum Franz Welser-Möst.
|
|
|
14:00-16:00 Auer
Thé Dansant
Vun Neijoerschdag u steet de Sonndeg Nomëtteg ganz am Zeeche vu vergaangene Joerzéngten. Mat ville bekannte Klassiker aus der Motown Ära invitéiert den Thé Dansant fir ze danzen, de Soul an de Funk ginn deemno ganz grouss geschriwwen. De Philippe Hansen schalt dertëschent e Gank zeréck mat enger Pouz Bossa Nova, e puer Disco Klassiker, akustesche Gittaren an accessibele Melodien.
|
|
|
16:00-17:00 Auer
Concert - Arctic Monkeys live at VRT Studio 5
Am intime Kader vum VRT Studio5 zu Bréissel hu sech d’Arctic Monkeys, déi dëst Joer mat hirer Plack “The Car” iwwerraschend duuss Téin ugeschloen hunn, leschte September vun hirer beschter Säit gewisen. Erlieft de Live-Matschnëtt!
|
|
|
17:00-18:00 Auer
Concert - Spoon Live from The Teragram Ballroom
Deen zweete Concert um Feierdag kënnt vun der amerikanescher Rockband Spoon a gouf zu L.A. am Teragram Ballroom opgeholl. Verbréngt de Feierdag … live!
|
|
|
19:00-20:00 Auer
Konferenzen - Influencer-Late-Night-Show
De Melitta Mann an d'Klementine ware gëschter, d'Reklamm vun haut gesäit anescht aus an huet vill méi Afloss. Influencer:inne prägen d'Plattforme wéi Instagram, YouTube an TikTok, si guidéieren a manipuléiere Millioune vun Unhänger an hire Kafentscheedungen, si maache Publicitéit, net nëmme fir Produkter, mee och fir en neoliberale Liewensstil an zweiwelhaft Kierperbilder.
D'Auteure vun "Influencer - Die Ideologie der Werbekörper", Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt, analyséieren e Phenomeen, dee vill iwwer d'Stagnatioun vun der Wirtschaft souwéi iwwer Postdemokratie verréit.
Eng Live-Performance vum 21. Oktober, organiséiert vum Institut Pierre Werner (IPW).
Montage: Carlo Link
|
|
|
|
Mir héiere vuneneen.
Är Ekipp vum radio 100,7
|
|
|
|
|
|