Copy
Logo

NEWSLETTER

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Hei drënner eng Auswiel u Bäiträg aus dëser Woch, déi Iech interesséiere kéinten.
Vill Spaass beim Lauschteren & Liesen!

Aktualitéit - Invitéë vun der Woch

Aktualitéit - Invitéë vun der Woch

Kultur

Zum Theema Kulturassisen lauschtert och de Bäitrag vum Valerija Berdi aus eiser Emissioun Kultur um 5.

Lauschteren

Eurosonic Festival 2023

© Dirk Kesseler

Den Eurosonic Festival gëtt zanter 1986 all Joer am Januar an der hollännescher Stad Groningen organiséiert. Et ass dee wichtegste Rendez-vous fir d'Museksbranche an Europa. Dëst Joer ass e vum 18. bis den 21. Januar. Hei decidéiere sech déi musikalesch Trends fir d'Joer.

De radio 100,7 ass als Member vun der EBU (European Broadcast Union) um Festival bedeelegt a kann ee Slot um Festival buchen. 2023 ass dat de Rapper Maz. Tuys a Francis Of Delirium waren 2021 an 2022 nominéiert ginn. Well de Festival déi lescht zwee Joer net physesch konnt iwwer d'Bün goen, kruten déi zwou Bands elo souzesoe réckwierkend d'Méiglechkeet fir zu Groningen opzetrieden.

Lauschteren / Liesen

Klassik Aktuell

De radio 100,7 sicht en onofhängege Member fir säi Verwaltungsrot

De Conseil d'Administration vum Média de Service public 100,7 besteet aus 9 Memberen, vun deene 6 vum Conseil proposéiert ginn. Duerch e beruffleche Wiessel vun engem Member, ass ee vun de Posten elo disponibel.

An de grousse Linnen ass de Conseil responsabel fir:

  • d'Erfëlle vun de legale Missioune vum Radio,

  • eng effikass administrativ an eng equilibréiert finanziell Gestioun vum Etablissement public,

  • zousätzlech zu de weidere legalen Dispositiounen huet de Conseil e Règlement d'ordre intérieur an e Code de déontologie als Instrumenter fir eng gutt Gouvernance adoptéiert.

Member Verwaltungsrot

Mir héiere vuneneen.
Är Ekipp vum radio 100,7

Fannt eis online:







This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
radio 100,7 · b.p. 1833 · Luxembourg 1018 · Luxembourg