Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Zu Suessem gouf en neie Prisong fir Gefaangener an Untersuchungshaft ageweit. Mir hu mam Direkter vun der Prisongsverwaltung geschwat. Dëse Sonndeg gëtt et eng nei RadiOdyssee, mat voll fetten Amuse-bouchë vun der Erzielkonscht. Mir schwätzen iwwer de Science Meets Music Festival an der Rockhal dëse Weekend, an d'Uergel aus der Kathedral ass nees asazbereet. Déi drëtt a lescht Episod vum “Zäitspuer”-Podcast ass do, mir siche mat Iech an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch nom Wuert vum Joer, a mir schwätzen iwwer déi drëtt Episod vum “Schlechte Schüler”-Podcast, déi zanter dëser Woch disponibel ass.
Vill Spaass beim Lauschteren & Liesen!
|
|
Aktualitéit
Deen neie Prisong um Uerschterhaff
|
|
|
Invité vum Dag (30.11.22)
Serge Legil
Zu Suessem um Uerschterhaff gouf en neie Prisong fir Gefaangener an Untersuchungshaft ageweit. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung seet, eng 250 Prisonéier géifen an den nächste Woche vu Schraasseg op Suessem geplënnert ginn.
>> lauschteren / kucken
|
|
Plaz fir 400 Prisonéier
Deen neie Prisong zu Suessem gouf vum Grand-Duc Henri ageweit. Um Uerschterhaff ass Plaz fir 400 Prisonéier an Untersuchungshaft. Doduerch gi Capacitéiten zu Schraasseg fräi, an dat hëlleft der Ambitioun vun engem mënschleche Strofvollzuch.
>> lauschteren / liesen
|
|
|
|
Science Meets Music
De Do Do Do De Data Da
"The Sound of Data" heescht en Event, deen dëse Samschdeg, den 3. Dezember, an der Rockhal ass. National an international Kënschtler:innen hu wärend e puer Méint geléiert, wéi een aus Date Musek mécht. An eiser Emissioun Kultur um 5 huet de Sam Reinard vun der Rockhal erkläert, wéi de Projet sech vun der Ausschreiwung bis zum Optrëtt entwéckelt huet.
>> lauschteren
|
|
|
Kathedral
D'Uergel ass erwächt
Wéi d'Uergel an der Kathedral wéinst technesche Problemer net méi gaangen ass, wier dat e ganz ellene Knacks gewiescht, sot den Doumorganist Paul Breisch am Joer 2020 am 100,7-Interview. Elo, iwwer zwee Joer méi spéit - nodeems d'Instrument ofmontéiert, renovéiert, gebotzt, nei zesummegebaut an intonéiert gouf - ass d'Uergel nees am Asaz. De radio 100,7 huet dëse Chantier vu senger Konzeptioun bis bei d'Inauguratioun suivéiert.
>> lauschteren / liesen
|
|
|
Zäitspuer
Kachrezepter mat Politik: Esou huet Frae-Radio an de 50er geklongen
Original Opnamen aus der Zäit vun de 50er Jore ginn et praktesch keng méi. Déi meescht Radio-Emissioune sinn deemools nämlech live iwwer d'Antenn gaangen, ouni datt e Band matgelaf ass.
D'Historiker Jens van de Maele a Julia Harnoncourt hu fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" awer nogestallt, wéi Frae-Radio sech an de 50er Joren unhéieren huet. Erauskoum d'Audio-Stéck "Zuhause mit Ketty und Catherine".
Wéi ass dat Stéck entstanen? A wat seet et iwwer déi gesellschaftlech Stellung vun de Fraen direkt nom Zweete Weltkrich aus? Dat freet de Rick Mertens d'Julia Harnoncourt an der drëtter Episod vun der Zäitspuer.
D'Emissioun fannt Dir och op Spotify oder Apple Podcasts.
|
>> lauschteren |
|
|
|
U wat musst Dir denken, wann Dir un d'Joer 2022 denkt? Deelt eis bis den 12. Dezember mat, wéi ee Wuert oder wéi een Ausdrock fir Iech dat politescht, ekonomescht oder gesellschaftlecht Joer op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.
Aus all de Propose mécht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eng Shortlist, an där den Haaptkrittär d'Zuel vun den Nennungen ass. An aus där wielt dann e Jury d'Wuert vum Joer 2022. Am Jury sinn dëst Joer vertrueden: de Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy, d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, a jeeweils een/eng Vertrieder:in vum 100,7, vun RTL a vum ZLS.
Natierlech gëtt et och eppes ze gewannen: mat e bësse Chance kritt Dir ee vun 3 Bonge fir literaresch a kulturell Lëtzebuerger Produiten am Wäert vun 100 Euro. D'Lous entscheet!
De 27. Dezember gëtt d'Resultat vun der Wiel dann offiziell matgedeelt. Hei kann Är Propos eragereecht ginn: www.wuertvumjoer.zls.lu
|
|
Schlechte Schüler Podcast
|
|
|
Eis Podcast-Serie "Schlechte Schüler" geet der Fro no, wéi eescht mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem huelen. "Esch international" heescht déi drëtt Episod, déi recherchéiert, ob déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vun eisem Schoulsystem léisen.
No der Produktioun vun der Episod huet d'Natasha Ehrmann mat zwee Gäscht iwwer d'Vir- an d’Nodeeler vun dësem alternative Schoulmodell geschwat: Am Studio waren d'100,7-Journalistin Pia Oppel, dat de Podcast mat realiséiert huet, an d'Julie-Suzanne Bausch (op der Foto), Direktesch vun der Ecole internationale zu Miersch.
>> lauschteren
Déi dräi éischt Episode vum “Schlechte Schüler”-Podcast gëtt et elo ze lauschteren, an eiser Mediathéik oder op de gängege Podcast-Plattformen. Ëmmer méindes kënnt eng nei Episod eraus. Abonnéiert Iech fir keng weider Episod ze verpassen.
>> Schlechte Schüler-Podcast lauschteren
|
|
|
D'Onlineredaktioun vum Radio ass e wichtege Bestanddeel an Zäite vun digitaler Transformatioun. An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng
Redakter/Redactrice Web
Är Tâchen:
- Verfaassen a publizéiere vu schrëftlechen an audiovisuellen Inhalter fir d'Internetsäit 100komma7.lu, eis Newsletteren a Social Media
- Participatioun u Projete fir de Média 100,7 an der Digitaliséierung an Innovatioun virunzebréngen
- Recherche an Entwécklung vun neie Weeër fir Informatioun op eise verschiddene Plattformen ze presentéieren
|
|
|
|
Mir héiere vuneneen.
Är Ekipp vum radio 100,7
|
|
|
|
|
|